Passer au contenu principal

Meerjungfrau

29.04.2020

Meerjungfrau esou schein wei Arielle


Matériel


-en Paprollo (Toilettenrollo)
-Wasserfarwen oder Tuschfarwen
-dennen Pabeier (hell Farwen blo greng usw.)
-Scheier
-Pesch
-kleng Muschelen oder Muscheln aus Nudelen
-Woll (hell  Farwen giel, blo greng usw.)
-Tuschfarw schwarz an rosa oder rout

Description


Mir huelen onsen Papprollo an molen mat eisen Wasserfarwen den 1/3 hautfarweg un,a lossen dat dreschenen.
Elo huelen mir onsen dennen Pabeier,schneiden ons een Steeck eroff (dat muss Greisst hun dat et ennert den  hautfarwegen Deel bis en 1/3 ennert den Rollo passt ).Mir peschen den Pabeier elo genau ennert dei hautfarweg Fuerf...wenn et richteg ugepescht ass,steet en Steeck iwer,dat drehnen mir elo zesummen wei en Bonbon-oder Kamellenpabeier,an schneiden ennen en Feschschwanz draus.
Fir onsem Arielle Hoer zemachen,huelen mir elo Woll,mir brauchen 20 cm lang Wollsträng,(huelt roueg genug Woll) dann machen mir an der Mett en festen Knuet.
Uewen beim hautfarwegen Deel schmirren mir ronderem den Rand Pesch,leen den Knuet vun der Woll metteg op Lach vum Rollo an leen Hoer /Woll lanscht den Rand iwert den pesch an drecken et fest.
Mir deelen op enger PLatz Hoer e ganz bessi dann molen mir eiser Meerjungfrau en Gesicht, mat mini Muschelen peschen mir hier nach en Bikini un .Voila an ons Arielle ass ferdeg.