Passer au contenu principal

Kannerkichelcher

30.03.2020

D'Kanner backen immens gaeren, an well geschwen Ouschteren
ass, backen mir flott Ouschterkichelcher! 


Matériel


  • 125gr mëlle Botter/ Beurre doux
  • 125gr Zocker/ sucre fine
  • 375gr Miehl/ farine
  • 2 Eer/ oeufs
  • 2 pck Vanillezocker/ sachets de sucre vanille
  • 2TL Backpolver/ levure chimique
  • 1 Prise Salz/ sel
  • Eng Schossel/ un bol
  • Eng Woo/ une balance
  • Verschidden Ausstiechformen/ divers formes pour découper les biscuits


Description


  • D'Miehl, Zocker, vanillezocker, Backpolver, Botter, eng prise Salz an Eer alles an eng Schossel ginn an mat den Hänn zu engem Deeg kniedden.
  • Dono den Deeg an Frischhaltefolie apaaken an 30min am Frigo losen.
  • No 30min den Deeg ausrullen an Kichelcher ausstiechen, bis keen Deeg mei do ass.
  • Kichelcher bei 180grad 10-12min am Schaeffchen backen losen.
  • Voilà faerdeg sinn Kichelcher an wann een nach Loscht huet kann een se mat Zockerguss dekoréieren (Puderzocjer mat e bessen Wasser an evtl. Liewensmëttelfaarw mëschen).
  • Gudden Appetit!!!